
Den Dëschtennis Nidderkäerjeng spillt no 5 Joer an der Nationale 2 déi nächst Saison erëm an der Audi League.
No enger gudder Saison mat just enger Néierlag an 18 Matcher huet eis 1. Ekipp den Exploit fäerdeg bruecht an d’Audi League opzesteigen.
Duerch eng konstant gutt Leeschtung vum Irfan & Evgheni an duerch d’Ënnerstëtzung vum Steven & Kev huet eis 1. Ekipp et verdéngt an der Saison 2024/2025 endlech erëm ganz Uewe matzespillen.
Mär sinn houfreg op eis Jongen a freeën eis op déi nei Saison an der Audi League.
E grousse Merci geet och un eis Supporter an un eis Sponsoren.









Une réponse sur « Den Dëschtennis Nidderkäerjeng stéigt an d’Audi Legue »
Moien,
wollt froen firwat ech zenter Méint keng email méi kréien
bescht Gréiss
Romain Schmit