
An Collaboratioun mat Iddi Fix Sàrl huet den DTN een neie Panneau maache gelooss fir de Verkaf vun eisem Gyros op eisen Eventer. Sou kann een eise Gyros quasi net mei verpassen.

An Collaboratioun mat Iddi Fix Sàrl huet den DTN een neie Panneau maache gelooss fir de Verkaf vun eisem Gyros op eisen Eventer. Sou kann een eise Gyros quasi net mei verpassen.
Réckbléck op d’Sportleréierung 2026![]()
D’Sportleréierung huet den 28ten September stattfonnt.
Felicitatiounen un all eis geéierte Sportler!




Den DT Nidderkäerjeng huet a Kollaboratioun mat Lombardi Sports personaliséiert Polo’en mat eisem Logo brodéiere gelooss fir op eisen Eventer eng besser a méi kloer Visibilitéit a Präsentatioun vun eisem Club ze garantéieren, sou wei hei zum Beispill um Mulitkulti vun der Gemeng Schuller, wou den DTN mat eisem Gyros Stand deelgeholl huet.

Commission des Arbitres huet Summerzäit genotzt fir een Interview mat eisem Arbitter, Member an och Comitésmember Patrick Zoller ze maachen!

Eist Clubchampionnat 2026 huet den 12ten September stattfonnt. Am Laaf vum Moien gouf den OPEN Handicap ausgespillt, an den Double Handicap am Nomëtteg. Eis Memberen hate vill Spass a konnten sech an der Mëttesstonn bei enger gemeinsamer Grillade austauschen.

Clubchampion 2026 am OPEN Handicap ass den Nicolas Reuter. Clubchampion 2026 am Double Handicap sinn den Nicolas Reuter an den Gabriel Rodrigues.



Den DT Nidderkäerjeng ass houfreg op seng Kollaboratioun mat den Playmo-Frënn Lëtzebuerg. Bei der 19ter Editioun wuaren mir déi éischte Keier fir den Catering zoustänneg. Eng Collaboratioun fiert Joer 2027 ass och scho vu béide Säiten accordéiert.



Hei fannt der e puer Andréck vun eisem éischte Scheierfest, dat den 21. Juli stattfonnt huet.




De 26 Juni war eis AG fiert Saison 2025-2026 déi an eisem Sall an der Sportshal « OP Acker » stattfonnt huet. Hei fannt der e puer Andréck dovunner. Op dëser Platz soe mir all eise Memberen a Sponsoren ee grousse Merci fir hier alljärlech Ënnerstëtzung an hoffen op eng weider schéin Saison.








Den DT Nidderkäerjeng huet vum Feierdaag vum 9ten Mai profitéiert, fir mat sengen Memberen gemeinsam ee schéinen Dag am Phantasialand ze verbréngen.


Déi 13t Editioun vum Salon des vins des vignerons indépendants d’Occitanie huet um Weekend vum 24-26 Abrëll ënnert der Organisatioun vum Comité d’Organisation Salon des vins an den Vignerons Indépendants d’Occitanie stattfonnt. De Salon war wei ëmmer ee grousse Succès an d’Wënzer waren zefridden mam Resultat. Mir soen op dëser Platz eise villen Memberen, déi eis op dësem Weekend gehollef hunn, seu wei der Gemeng Käerjeng, déi eis all Joer den « Käerjenger Treff » zur Verfügung stellen, ee groussen Merci. Mir freeën eis schonn op d’Editioun 2027!




