Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass houfreg op seng 2. Equipe 👏🏼
Duerch e Parcours sans-faute (8 vun 8 Matcher gewonnen) hunn si sech schonn 1 Spilldag viru Schluss de Championstitel vun hirem Bezierk an der 1. Divisioun gesëchert. 🥇
Domat spillt eis 2. Equipe ab Januar 2024 erëm verdéngt an der Promotioun.
Den D.T. Nidderkäerjeng gewënnt säin Optaktspill am TT Intercup mat 4-0 géint den TSV 1990 Merseburg.
Mär gratuléieren dem Irfan, Steven, Vincent & Evgheni fir hir kloer Victoire. A mär drécken d‘Daumen fir den zweete Gruppematch de 16. Dezember zu Bologna.
Eis Dammen konnten sech den 06.02.2022 den Championstitel bei eis zu Käerjeng an der Hall secheren!
Sie konnten sech geint Rued, Houwald an Entente vun Nouspelt/Eiter-Waldbredimus duerchsetzen!
Den nächsten Donneschden, den 24.02.22 spillen eis Damen an der Final vun der Coupe geint den DT Rued an eiser Hall zu Käerjeng. Den Match geht um 18:00 un. Bei engem Erfolg keinten sie den Doublé machen.
Weider Infoen zu den Resultater fannt dir am Artikel vun der Federatioun:
Dei lescht Saison war fir keen Club einfach, och net fir eis, nom Ofbroch vum Championnat nom 4ten Spilldag an der Ofso vun villen Eventer hat een des Saison och schonn erëm quasi ofgeschriwwen.
Glécklecherweis ass et zemools zum Ufank vum Joer 2021 erëm an eng méi positiv Richtung gaangen an mir konnten erëm verschidden Eventer organiséieren. Et huet sech och gewisen dass all eis Memberen einfach frou waren erëm konnten ënner Leit ze sinn an och all bekannten Leit erëmzegesinn.
Zum Start vun der neier Saison déi dësen Samschden ugeet wollten mer een klengen Resumé machen.
Folgend Eventer konnten mer an dene leschten Wochen organiseieren:
Beschfest am Bommertbesch
Apacken an Verdeelen vum Let´s Pack vun der Gemeng Käerjeng
Grillen beim Nationalfeierdag Apéro-Brunch vun der Gemeng Kaerjeng
Grillen beim Kaerjeng Live Light
Organisatioun vun eiser Generalversammlung
Och eis Spiller konnten hier Leeschtung erëm beim Dësch weisen, sou konnten mer folgend Erfolleger feieren:
Coupe de luxembourg Dames
Champion de luxembourg Dames an seumat och den Doublé gema
Landesmeschter an der Kategorie Minimes filles fiert Enisa Sadikovic
Landesmeschter an der Kategorie Cadets filles fiert Melisa Sadikovic
3t Platz bei den Landesmeschterschaften bei den Junioren fier den Steven Georges
Hei fannt der nach e puer Photoen, mir hoffen op eng schéin Saison 2021-2022!
D’Dammen vum DT Nidderkäerjeng konnte leschte Sonnden mat 4-2 géint d’Dammen vum DT Rued duerchsetzen an konnten Coupe de Luxembourg soumat erëm op Käerjeng bréngen. Mir gratuléieren eisen Damen an soen Merci un all Supporter den eis Damen ënnerstëtzt huet.
Vainqueur catégorie dames DT Nidderkaerjeng Lena Grein Anelia Lupulesku Egle Tamasauskaite Enisa Sadikovic encadrés du responsable de l’équipe Gérard Wiesen et de l’entraîneur Milan Stencel
Den eischten Spilldaag nom oofbroch vun der leschter Saison steet firun der Dier. Mir starten mat 8 Equipen an dei nei Saison. Eis eischt seuwei eis zweet Equipe starten an der NL2!
An denen 3 hechsten Divisiounen huet sech bekanntlech ebessi eppes um System geännert seudass all Equippen zweemol opsteigen awer och zweemol oofsteigen kennen! Seu gett Championnat definitiv spannend!
Eis eischt Equipe wärt doheem spillen geint Diddeleng 2 an eis 2t Equipe spillt auswärts geint Hueschtert-Folscht 2. Mir zielen op är Ennerstetzung!
DT Nidderkäerjeng
Centre sportif « Op Acker »
83A Avenue de Luxembourg Bascharage,4940Luxembourg+ Google Map