
Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass frou annoncéieren ze kënnen, dass den David Fickinger ab der Saison 2025/2026 erëm d’Faarwe vu sengem Heemechtsveräin droe wäert.
No 5 Joer beim Dëschtennis Frënn Bartreng huet den David sech dofir entscheet zeréck op Nidderkäerjeng ze kommen an un der Säit vu sengem Brudder a senge Kolleegen déi 1. Ekipp an der NL2 ze ënnerstëtzen.
Mär sinn houfreg hien erëm « Doheem » ze hunn a freeën eis op seng 30. Saison am Tricot vum DTN!
