Catégories
News

Neien Arbitter an eisem Veräin

Screenshot

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass houfreg, mam Patrick Zoller e neien Arbitter am Veräin ze hunn 😊💪🏻

Mär soen him villmools Merci fir säin Engagement a wënschen him vill Freed an Erfolleg bei sengen Asätz.

📸 Lëtzebuerger Dëschtennis Schidsrichter

Screenshot
Catégories
News

Regionalmeschterschaft 2026

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng war leschte Sonnden mat enger Rei Spiller op der Regionalmeeschterschaft vertrueden.

Felicitatioun fir är Leeschtung, maacht weider esou! 🥈🥈🥉

Catégories
News

Wëllkomm zeréck David !

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass frou annoncéieren ze kënnen, dass den David Fickinger ab der Saison 2025/2026 erëm d’Faarwe vu sengem Heemechtsveräin droe wäert.

No 5 Joer beim Dëschtennis Frënn Bartreng huet den David sech dofir entscheet zeréck op Nidderkäerjeng ze kommen an un der Säit vu sengem Brudder a senge Kolleegen déi 1. Ekipp an der NL2 ze ënnerstëtzen.

Mär sinn houfreg hien erëm « Doheem » ze hunn a freeën eis op seng 30. Saison am Tricot vum DTN!

Catégories
News

Impressioun aus der Audi League

Audi League: DT Iechternach vs DT Nidderkäerjeng (08/03/2025)

📸 DT Iechternach (Paulo De Jesus)

Catégories
News

Den DTN steht an der 1/2 Final vun der Coupe de Luxembourg!

24 Joer no der leschte Kéier an déi zweete Kéier an der Veräinsgeschicht, steet eis 1. Ekipp dës Saison an der 1/2 Finale vun der Coupe de Luxembourg.

Eis Jongen hunn sech gëschter an der 1/4 Finale 4-3 géint den Dëschtennis Diddeleng duerchgesat a spillen de 05/04/2025 an der Coque géint den Dëschtennis Hueschtert-Folscht.

Notéiert iech also elo schonn de 5. Abrëll 2025 an de Kalenner fir eis 1. Ekipp an der 1/2 Finale vun de Coupe de Luxembourg ze ënnerstëtzen.

Catégories
News

Sportleréierung 2024

Haut den Owend huet d’Gemeng Käerjeng 3 Ekippe vum D.T. Nidderkäerjeng fir hir gutt Leeschtungen an der Saison 2023/2024 geéiert.

Catégories
News

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng stéigt an d’Audi League

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng spillt no 5 Joer an der Nationale 2 déi nächst Saison erëm an der Audi League.

No enger gudder Saison mat just enger Néierlag an 18 Matcher huet eis 1. Ekipp den Exploit fäerdeg bruecht an d’Audi League opzesteigen.

Duerch eng konstant gutt Leeschtung vum Irfan & Evgheni an duerch d’Ënnerstëtzung vum Steven & Kev huet eis 1. Ekipp et verdéngt an der Saison 2024/2025 endlech erëm ganz Uewe matzespillen.

Mär sinn houfreg op eis Jongen a freeën eis op déi nei Saison an der Audi League.

E grousse Merci geet och un eis Supporter an un eis Sponsoren.

Catégories
News

D’Rees am Intercup geet weider fir den DTN

TT Intercup 2023-2024:

Eis Equipe gewënnt haut den zweeten an domat och leschte Match an der Gruppephase mat 4-1 zu Bologna a gëtt doduerch Gruppegewënner.

Gratulatioun un den Irfan, Evgheni, Steve & Luca 👏🏻🏓

Mat dësem gudde Resultat hun den DTN sech fier den Haaptableau qualifizeiert an spillt elo den 17.03.24 um 11:00 zu Käerjeng an der Hall geint den TTC Bruck/Leitha aus Éisträich.

Weider Infoen zum Tableau fannt dir ënnert dem

https://www.ttic.eu/tischtennis-inter-cup-dr-josef-simecek-trophy-2023-2024/

Catégories
News

Nei Uniformen fir den Dëschtennis Nidderkäerjeng

Den 13/01 huet offiziell d’Réckronn vun der Saison 2023/2024 ugefaangen an do hunn eis 6 Ekippen sech an eiser neier Uniforme presentéiert.

E grousse Merci un eis Sponsoren fir hiert Vertrauen an hier Ënnerstëtzung!!

MAM Prom www.mam-prom.lu

Café des Sports – Käerjeng

NSHL sàrl

L’Angolo D’Oro

Lalux Agence Jungbluth Gilles

Crèche Calimero

Sales-Lentz

Catégories
News

Clubchampionnat Nowuessspiller 2023

Nodeems eis Senioren schonn am September hire Clubchampion gesicht hunn, gouf dann och dësen Donneschden (07/12) bei eisen Nowuessspiller ëm den Titel gekämpft.

Gratulatioun un den Iustin Cazamir, deen sech no e puer spannende Matcher duerchsetze konnt a sech elo offiziell beschte Jugendspiller 2023 vum D.T. Nidderkäerjeng nenne kann.

Hei de komplette Podium:

  1. Iustin Cazamir
  2. Bailey Precht
  3. Nicolas Reuter
  4. Lucas Li

Fir den Ofschloss huet dann och nach de Kleeschen jidderengem eng Tiitchen mat Schockela laanschtbruecht.