Catégories
News

Equipe 2: Opstiig an d’Promotioun

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass houfreg op seng 2. Equipe 👏🏼

Duerch e Parcours sans-faute (8 vun 8 Matcher gewonnen) hunn si sech schonn 1 Spilldag viru Schluss de Championstitel vun hirem Bezierk an der 1. Divisioun gesëchert. 🥇

Domat spillt eis 2. Equipe ab Januar 2024 erëm verdéngt an der Promotioun.

Catégories
News

TT Intercup 2023 – 2024

Den D.T. Nidderkäerjeng gewënnt säin Optaktspill am TT Intercup mat 4-0 géint den TSV 1990 Merseburg.

Mär gratuléieren dem Irfan, Steven, Vincent & Evgheni fir hir kloer Victoire. A mär drécken d‘Daumen fir den zweete Gruppematch de 16. Dezember zu Bologna.

Catégories
News

Clubchampionnat 2023

Den D.T. Nidderkäerjeng huet de 24. September 2023 säi Clubchampion am Eenzel an am Dubbel gesicht.

Mär gratuléieren dem Evgheni fir de Championstitel am Eenzel an dem Patrick & Steven fir de Championstitel am Dubbel.

Catégories
News

Champion de Luxembourg 2021/22

Eis Dammen konnten sech den 06.02.2022 den Championstitel bei eis zu Käerjeng an der Hall secheren!

Sie konnten sech geint Rued, Houwald an Entente vun Nouspelt/Eiter-Waldbredimus duerchsetzen!

Den nächsten Donneschden, den 24.02.22 spillen eis Damen an der Final vun der Coupe geint den DT Rued an eiser Hall zu Käerjeng. Den Match geht um 18:00 un. Bei engem Erfolg keinten sie den Doublé machen.

Weider Infoen zu den Resultater fannt dir am Artikel vun der Federatioun:

https://www.fltt.lu/news/fiche-news/ruckrunde-der-damenmeisterschaft

Catégories
News

Een Resumé vun der Saison 2020-2021

Dei lescht Saison war fir keen Club einfach, och net fir eis, nom Ofbroch vum Championnat nom 4ten Spilldag an der Ofso vun villen Eventer hat een des Saison och schonn erëm quasi ofgeschriwwen.

Glécklecherweis ass et zemools zum Ufank vum Joer 2021 erëm an eng méi positiv Richtung gaangen an mir konnten erëm verschidden Eventer organiséieren. Et huet sech och gewisen dass all eis Memberen einfach frou waren erëm konnten ënner Leit ze sinn an och all bekannten Leit erëmzegesinn.

Zum Start vun der neier Saison déi dësen Samschden ugeet wollten mer een klengen Resumé machen.

Folgend Eventer konnten mer an dene leschten Wochen organiseieren:

  • Beschfest am Bommertbesch
  • Apacken an Verdeelen vum Let´s Pack vun der Gemeng Käerjeng
  • Grillen beim Nationalfeierdag Apéro-Brunch vun der Gemeng Kaerjeng
  • Grillen beim Kaerjeng Live Light
  • Organisatioun vun eiser Generalversammlung

Och eis Spiller konnten hier Leeschtung erëm beim Dësch weisen, sou konnten mer folgend Erfolleger feieren:

  • Coupe de luxembourg Dames
  • Champion de luxembourg Dames an seumat och den Doublé gema
  • Landesmeschter an der Kategorie Minimes filles fiert Enisa Sadikovic
  • Landesmeschter an der Kategorie Cadets filles fiert Melisa Sadikovic
  • 3t Platz bei den Landesmeschterschaften bei den Junioren fier den Steven Georges

Hei fannt der nach e puer Photoen, mir hoffen op eng schéin Saison 2021-2022!

Catégories
News

Vainqueur Coupe de Luxembourg Dames 2020

D’Dammen vum DT Nidderkäerjeng konnte leschte Sonnden mat 4-2 géint d’Dammen vum DT Rued duerchsetzen an konnten Coupe de Luxembourg soumat erëm op Käerjeng bréngen. Mir gratuléieren eisen Damen an soen Merci un all Supporter den eis Damen ënnerstëtzt huet.

Hei och een Artikel vun der Coupe : https://www.rtl.lu/sport/news/a/1455389.html

Coupe de Luxembourg 2020 Finale Dames (48)